Zivilcourage am Netz

Online Zivilcourage – Kuck net ewech, gëff däi positive Pefferkär!

Du wëlls eppes géint Haass an Diskriminéierung am Internet maachen? Hei fënns du Iddien an Informatiounen, wéis du kanns aktiv ginn!

Melden

Wou kann een Inhalter a potentiellt Feelverhale mellen?

Hei fannt Dir eng Auswiel u verschiddene Meldestellen an Acteuren, un déi een sech vu Lëtzebuerg aus wende kann. Bedenkt w.e.g., datt dës Oplëschtung net vollstänneg ass an datt et an dësem Beräich zu Ännerunge komme kann.

BEE SECURE Stopline

Bei der BEE SECURE Stopline kënne rassistesch, diskriminéierend a revisionistesch Kommentarer souwéi Duerstellunge vu sexuellem Mëssbrauch u Kanner (CSAM) an terroristesch Inhalter anonym gemellt ginn. Relevant Meldunge gi vun der BEE SECURE Stopline un d'Police weidergeleet. Dës steet am Austausch mam Parquet (Staatsanwaltschaft), deen de Fall gegebenenfalls viru Geriicht brénge kann. Bei der BEE SECURE Stopline stinn déi méiglech juristesch Konsequenze fir déi verantwortlech Persounen am Fokus an net d'Läschung vun den Inhalter.

stopline.bee-secure.lu

BEE SECURE National Trusted Flagger

Iwwer den National Trusted Flagger Portal vu BEE SECURE kënne potenziell illegal Inhalter op soziale Medien, wéi Cybermobbing, Haassried, Bedruch oder d'Verëffentlechung vu privaten Donnéeën ouni Zoustëmmung, vertraulech gemellt ginn. Als unerkannt Trusted Flagger-Stell kann BEE SECURE Meldungen an Ufroe fir d'Läschung vun Inhalter areechen, déi am Kader vum DSA vun den Online-Plattforme prioritär behandelt ginn.
bee-secure.lu

BEE SECURE Helpline

D'BEE SECURE Helpline bitt eng gratis a vertraulech telefonesch Berodung fir Kanner, Jugendlecher, Elteren, Erwuessener a pädagogescht Fachpersonal. Si bitt Informatiounen, Berodung an Ënnerstëtzung bei Froen a Problemer, ënner anerem ronderëm Cybermobbing, sozial Medien, Online-Sécherheet an Dateschutz.
bee-secure.lu

Police Lëtzebuerg

Wat offline strofbar ass, ass och online strofbar. Beweiser am beschte mat Screenshots sécheren. Op engem Policebüro kann een eng entspriechend Plainte maachen. Bei akuter Gefor ass d'Police ënnert der Nummer 113 erreechbar.
police.public.lu

Autorité de la Concurrence

D'Autorité de la concurrence ass fir d'Koordinatioun vum Digital Services Act (DSA) zu Lëtzebuerg zoustänneg. Bei hir ka Feelverhale vun Online-Plattforme gemellt ginn, zum Beispill wann dës keng Méiglechkeet ubidden, illegal Inhalter ze mellen, Meldunge systematesch ignoréieren oder Benotzerkonte fälschlecherweis spären. Illegal Inhalter selwer kënnen net bei der Autorité gemellt ginn. Si kann och keng Inhalter läschen oder hir Läschung uweisen.
concurrence.public.lu

CET – Centre pour l’égalité de traitement

De Centre pour l'égalité de traitement (CET) setzt sech fir Gläichbehandlung a géint Diskriminatioun an. De CET kann sech net direkt fir betraffe Persounen asetzen, mee informéiert a beréit si iwwer hir Rechter a méiglech Schrëtt. Zousätzlech publizéiert de CET Rapporten a Recommandatiounen a féiert Etüden zum Thema Diskriminatioun duerch.
cet.lu

Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel (ALIA)

D'Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA) iwwerwaacht d'Anhale vun de gesetzleche Virschrëften am Beräich vun den audiovisuelle Medien. Bei der ALIA kënne potenziell problematesch Inhalter a strukturell Problemer am Zesummenhang mat dëse Medie gemellt ginn. D'ALIA préift d'Reklamatiounen a kann am Fall vu Verstéiss Sanktioune verhänken. Si huet awer kee Recht op Zensur a gräift net an d'Programmgestaltung an.
alia.public.lu

Bei de Plattforme selwer

Op Plattforme wéi Facebook, Instagram oder TikTok kënne problematesch Inhalter oder Accounts, déi géingt hier eegen Reeglen oder géingt d'Gesetz verstoussen, och direkt gemellt ginn. All Plattform huet dofir hir eege Meldefunktioun. Meeschtens steet eng eventuell Läschung am Fokus. Bei Verdacht op schwéier Strofdoten, déi d'Liewen vu Persoune gefäerden, sinn d'Plattformen ugehalen, déi zoustänneg Autoritéiten ze informéieren. Eng Plattform kann sech och dozou entscheeden, gemellten Inhalter reegelméisseg un aner Meldestelle weiderzeleeden.

Bei Account-Verwalter selwer

Potenziell problematesch Inhalter kënnen och direkt bei de Persounen oder Organisatioune gemellt ginn, déi en Account verwalten, zum Beispill per E-Mail oder Privatnoriicht. Bei problematesche Kommentarer ënnert engem Artikel vun enger Online-Zeitung kann een dës beispillsweis per E-Mail kontaktéieren an entspriechend Screenshots matschécken.

Spezifesch Meldestellen

Zu Lëtzebuerg ginn et och spezifesch Meldestelle fir verschidde Forme vu Mënschefeindlechkeet, wéi z.B. Queerfeindlechkeet, Rassismus oder Antisemitismus. Well sech d'Offer an dësem Beräich lafend weiderentwéckelt, ass eng komplett Oplëschtung hei net méiglech. Wann s du eng spezifesch Meldestell sichs, kontaktéier eis gär oder fro bei anere Meldestellen no.

01 /

1 vun

Du kanns

Kommentéieren

Firwat op haaserfëllten Inhalter mat engem Kommentar réagéieren?

  • Betraffene weisen, datt si net eleng sinn
  • Allen, déi matliese weisen, datt et och aner Usiichte ginn
  • E kloert, siichtbaart a schnellt Zeeche géint Haass setzen – Meldunge bleiwen no baussen onsiichtbar
  • Virbild si fir anerer

Strategien

Wéi kann een op Haasskommentarer äntweren?

Et gi verschidde Strategien. Sich dir déi eraus, déi am beschte bei dech an déi jeeweileg Situatioun passt. Hei eng Auswiel u Strategien:

Wiel eng Strategie aus:

An nach anerer…
Irritatioun & kritesch Froen

Wat wëllt Dir domadder soen?

86 Äntweren

Benennung vun Haass

Dir geheit hei jiddereen an een Dëppen, maacht pauschal Stëmmung géint eng ganz Grupp vu Leit & verbreet domat einfach just Haass

52 Äntweren

Grenze setzen

Et muss een net ëmmer enger Meenung sinn, mee sou Kommentarer ginn definitiv ze wäit a kennen och strofbar sinn!

13 Äntweren

Fakten & Differenzéieren

Äre Kommentar stëmmt sou net - Hei ee Link mat mei Informatiounen dozou: (Link asetzen)

34 Äntweren

Moraleschen Appell géingt Haass

Welle mer wierklech sou mateneen ëmgoen?
Choose Kindness <3

124 Äntweren

Dialog & Empathie

Ech verstinn, datt Dir wéinst deem Virfall rose sidd - dat war sécher net korrekt vun där Persoun! Mee vun enger Persoun kann een net op eng ganz Grupp schléissen.

35 Äntweren

Betraffener ënnerstëtzen

(@ugegraffe Persoun) ech fannen richteg richteg gutt wats du mëss! I feel you & verstinn net wei een hei mat souvill Haass reagéiere kann. Keep up the good work <3

148 Äntweren

Moderatioun afuerderen

un d’Admins hei: Et stinn ee ganze Koup haasserfëllte Kommentarer hei op Ärem Account - wëllt dir dat wierklech hei sou stoen loossen? Huelt wannechgelift är Responsabilitéiten a moderéiert - Merci!

63 Äntweren

Humor

(GIF)

16 Äntweren

Positivitéit

(GIF)

113 Äntweren

01 /

1 vun

Iwwert eis

Haass am Internet ass e grousse Problem!

Mënsche ginn attackéiert, leiden ënnert dem Haass a zéie sech zeréck. Eis Diskussiounskultur gëtt vergëft an dat gesellschaftlecht Matenee verschlechtert sech.

De Projet „Zivilcourage am Netz“ ass eng Kooperatioun tëscht respect.lu – dem Zentrum géint Radikaliséierung zu Lëtzebuerg – an dem Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit.

Dofir solle Mënschen encouragéiert a gestäerkt ginn, bei Haasskommentarer net ewechzekucken, mee aktiv ze ginn an hire positiven Deel bäizedroen. Sief et duerch d'Melle vu potenziell problemateschen Inhalter oder duerch konstruktiv Géigeried, och „Counter Speech“ genannt. Méi Informatiounen dozou hei.

Setz och du e kloert Zeeche géint Haass am Netz! Weis Solidaritéit mat de Betraffenen a setz e positivt Signal fir all déi, déi matliesen. Gëff och du däi positive Päfferkär!

Wat mir maachen

Wat mir maachen

Workshops & Formatiounen

Kontaktéiert eis
  1. Workshop 1

    „No Hate Speech! Strategien fir jiddereen géint Haass am Internet“

    Dauer
    3h (mat Paus)
    Sproochen
    LU / DE / EN / FR

    Inhalter

    Eegen Erfarungen & Ënnerstëtzungsangeboter, Definitioun & Folgen vun Hate Speech, Gesetzeslag zu Lëtzebuerg & Fallbeispiller, Meldeméiglechkeeten zu Lëtzebuerg, Counter Speech: Strategien & Übungen, Tipps & Psychohygiene

  2. Workshop 2 · Schoul-/Jugendworkshop

    „No Hate Speech! Strategien géint Haass am Internet fir Jugendlecher ab 14 Joer“

    Dauer
    2h (mat Paus)
    Sproochen
    LU / DE / EN / FR

    Inhalter

    Interaktiv Übungen zum Thema Social Media, Folgen vun Hate Speech, Gesetzeslag & Meldeméiglechkeeten, Zivilcourage & Counter Speech, Praktesch Übungen & Fallbeispiller, Ënnerstëtzungsangeboter & Psychohygiene

  3. Formatioun 3 · fir Institutiounen, Veräiner, Firmen, etc.

    Online-Moderatioun vun Haasskommentaren & Shitstorms

    Dauer
    3h (mat Paus)
    Sproochen
    LU / DE / EN / FR

    Inhalter

    Definitiounen & Gesetzeslag, Netiquette – Notzen, Opbau & Beispiller, Meldeméiglechkeeten, Kommentéieren – Strategien, Übungen & Best-Practice-Beispiller, Account-Astellungen, intern Prozesser, Tipps & Psychohygiene

Wat mir maachen

Campagne

Wat mir maachen

Steering Committee

De Steering Committee besteet aus zentralen Acteuren am Asaz géint Haass am Internet zu Lëtzebuerg. Seng Membere begleeden de Projet „Zivilcourage am Netz“ an diskutéieren iwwer wichteg Entwécklungen am Beräich vum Haass am Internet op nationalem an internationalem Niveau.

Memberen

  • Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA)
  • Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA)
  • Kanner- a Jugendtelefon (KJT) mat der BEE SECURE Stopline an Helpline
  • Police Luxembourg – Service national de prévention de la criminalité (SNPC)
  • respect.lu – Centre contre la radicalisation
  • Rosa Lëtzebuerg
  • Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)

Kontakt

Du wëlls e Workshop buchen oder hues eng aner Fro?

Schreif eis gären, mir freeën eis, vun dir ze héieren!

online-zivilcourage@respect.lu