Zréck Op Lëtzebuergesch / 14h00 – 16h30

Oppene Workshop: No Hate Speech! Strategien fir jiddereen géingt Haass am Internet

Wéi kann ee online ganz konkret op haasserfëllten Aussoe reagéieren?

An dësem Workshop steet dat praktescht Handelen am Mëttelpunkt. Mir beschäftegen eis mat der Gesetzeslag zu Lëtzebuerg a weisen, wou a wéi Hate Speech méiglechst efficace zu Lëtzebuerg ka gemellt ginn a wat no enger entspriechender Meldung geschitt. Mir kucken eis ganz konkret verschidde Counter-Speech-Strategien un: Wéi kann ech allgemeng op haasserfëllten Inhalter reagéieren? Wéi dodrobber konkret äntweren? Wéi kann ech mat Haasskommentarer an engem Shitstorm ëmgoen, wann ech e professionellen Account geréieren?

Duerch praktesch Übungen a konkret Beispiller kënnen déi verschidde Strategien direkt ausprobéiert a fir deen eegenen Alldag oder beruffleche Kontext ugepasst ginn.